Iwwer eis

BIOMAUFEL ass e Qualitéitslabel vum IVLB (Interessegemeinschaft fir d’Vermaartung vu Lëtzebuerger Bio-Fleesch asbl.)

Wéi si mir entstan?

BIOMAUFEL ass e Qualitéitslabel vun hei Heem den 2009 vum IVLB an d’ Liewen geruff ginn ass. Dëse Label ass entstan fir em Konsument eng héichwäerteg Qualitéit u Bio-Fleesch vun deene verschiddenen Déieren kennen gemeinsam unzebidden. Hannert dësem Label stinn 30 Biobauere, déi hire ganze Betrib 100% biologesch bewirtschaften an déi beim IVLB Member sinn. Heimadder gëtt dem Lëtzebuerger Biobauer säin Ofsaz zu engem séchere Präis garantéiert.


Wat si Virdeeler vum Bio-Fleesch?

D‘Zuucht, Haltung a Fiddere vun all den Déiere gëtt no den EU-Virgabe fir déi biologesch Landwirtschaft ëmgesat. Zousätzlech si fir di eenzel Déierenaarte speziell Krittäre festgeluecht ginn.

Déi aartgerecht Haltung an d’Fiddere mat ausschliisslech ökologesch produzéiertem Fudder, dat zum gréissten Deel am eegene Betrib hiergestallt gëtt, spillen an der ökologescher Déierenhaltung eng grondleeënd Roll. De Kreeslaf huet hei eng grouss Relevanz. An esou ginn um Bio-Betrib nëmmen sou vill Déiere gehal ewéi de Buedem kann ernären.

Well di landwirtschaftlech Notzfläch zu Lëtzebuerg zu 50% aus Gréngland besteet, spillen d’Schof, d’Geessen an d’Randbéischten eng wichteg Roll. Si bréngen et fäerdeg aus dem grénge Gras e wäertvoll a qualitativ héichwäerteg Fleesch ze produzéieren. Zousätzlech fält organeschen Dünger un, de gebraucht gëtt fir Kären, ewéi Broutwees, etc ze produzéieren.

Bei der Veraarbechtung ginn d’Reegele vum EU-Bio agehalen an esou ass sécher gestallt datt keng chemesch oder syntheetesch Stoffer bäigemëscht ginn.


Wéi gëtt Qualitéit kontrolléiert?

BIOMAUFEL ass ee kontrolléierte Qualitéitslabel säit 2010, de speziell Krittäre fir d’ Haltung, Fiederung an d’Nohaltegkeet vum Betrib virschreift. Dës Krittäre ginn iwwert d’Virschrëfte vum EU-Bio eraus. Domadder garantéiere mir eng ökologesch an natierlech Déierenhaltung fir Randbéischt, Schwäin, Hong a Schof.

All Bio-Betrib, vum Bauer bis zum Metzler, gëtt all Joer vun enger externer Firma kontrolléiert. Dobäi ginn och di speziell Krittäre vum BIOMAUFEL kontrolléiert an et gëtt e Rapport un d’IVLB an de Landwirtschaftsministère gemaach.