Déierenhaltung

D’Haltung an d’Fidderen vun all eisen Déieren gëtt duerch EU-Reglementer fir d’biologesch Landwirtschaft gereegelt. Déi aartgerecht Haltung an d’Fiddere mat ausschliisslech ökologesch produzéiertem Fudder, dat zum gréissten Deel am eegene Betrib hiergestallt gëtt, spillen an der ökologescher Déierenhaltung eng grondleeënd Roll.

Ranner

Haltung

Wärend der Vegetatiounszäit, also vum Fréijoer bis den Hierscht, weeden d’Ranner op de Gréngfläche vum Betrib. Am Wanter sinn d’Déieren a geraimege Lafställ ënnerbruecht, déi hinne genuch Beweegungsfräiheet a fräien Zougang zum Fudder bidden.

Wann d’Déiere wärend de Summerméint zum Beispill fir ze kaalwen am Stall ënnerbruecht ginn, fir eng besser Versuergung ze garantéieren, hunn si Zougang zu engem Lafhaff am Fräien. No der Gebuert bleiwen d’Kaalwer bei de Mammen, si gi bis zu 10 Méint geniert a kënnen aartgerecht an der Häerd opwuessen.

Fidderung

D‘Ranner friessen an de Summerméint op der Weed Gras an an de Wanterméint kréien se Hee an/oder Grassilage. Wann et néideg ass, kënnen och Kären als Ausgläich vun der Ratioun bäigefiddert ginn.

Dëst Fudder staamt oft vollstänneg aus dem eegene Betrib oder gëtt vun anere Biohäff kaf. Den Zoukaf vu Soja ass verbueden.


Schwäin

Haltung

Aartgerecht Haltung bedeit och hei, datt d’Mammen an d’Fierkel an den agestreete Ställ mat vill Dagesliicht an natierlecher Belëftung genuch Plaz an Auslaf hunn. D’Fierkel bleiwe bei hire Mammen a ginn op d’mannst 40 Deeg geniert, duerno gëtt hiert Fudder ëmgestallt.

D’Zuucht an d’Mascht ginn am selwechte Betrib realiséiert, fir déi naturno Produktioun vu Qualitéitsfleesch ze garantéieren. En äusserlecht Zeeche fir eng aartgerecht Haltung vun den Déieren ass de Réngelschwanz. D’Kupéiere vun de Schwänz ass an der ökologescher Schwéngshaltung verbueden

Fidderung

Als Fuddermëttel ginn engersäits Kären a Fruucht an anerersäits och Raufudder wéi Hee a Grassillage agesat, och hei staamt d’Fudder zum gréissten Deel aus dem eegene Betrib oder gëtt vun anere Biohäff beikaf.


Schof

Haltung

Schof si vun Natur aus immens widderstandsfäeg an duerch hiert wëllent Kleed viru Keelt an Nätzt geschützt. Bei der ökologescher Déierenhaltung gëtt et den Déieren dofir erméiglecht, dobaussen ze sinn, esoulaang d’Wiederkonditiounen et erlaben.

Fir d‘Gebuert vun de Lämmer sinn d’Schof oft am Stall, fir eng optimal Versuergung ze garantéieren. Schonn e puer Deeg no der Gebuert weeden d’Mammen an d’Lämmer op der ökologesch bewirtschafteter Wiss. D’Lämmer gi bis zu 5 Méint vun de Mamme geniert, dat narhaft Gras stäerkt d’Schof, fir datt hir Mëllech de Wuesstum vun de Lämmer fërdert.

No der Schofskeelt Mëtt Juni ginn d‘Schof normalerweis geschuer, d’Déiere kënnen esou am Summer hir Temperatur besser kontrolléieren.

Fidderung

Als Fuddermëttel fir de Wanter gëtt dat iwwerschëssegt Gras erageholl an zu Hee gedréchent oder zu Silage deelgedréchent. D’Schof kréie grondsätzlech wéineg Kraaftfudder.